Pueri Cantores um Tour a Japan VLOG #3

Nodeem souwuel eis jonk wei och déi manner jonk Sänger hier eicht Erfarunge mat der häerzlecher a feiner Aart vun de Japaner am Homestay duerfte maachen, hate mer um drëtten Dag eisen éischte musikaleschen Optrëtt. Am spéide Moien hu mer d’Mass an der Assumption of Mary Cathdral zu Hiroshima gesong. Duerno ass den Dag a grousse Schrëtt viru gaang. No engem séiere Mëttesiessen hu mer eis den Hiroshima Peace Memorial Park, a Gedenken un d’Affer vun der Atombomm vun 1945 ugekuckt. Weider ass et gaang mat der Visite beim Buergermeeschter vun Hiroshima, an domadder och dem éischten Optrëtt vun de Pueri Cantores an de japaneschen Norichten. No dëser ganz spezieller Renconter krute mer en Temoignage vun enger 93 Joer aler Madame déi d’Atombomm iwwerliewt huet an eis vun der Zäit erzielt huet. Geschockt vun all dene Biller a Geschichten hu mer eis den Hiroshima Peace Museum ugekuckt, de souwuel grouss wei och ganz kléng gewisen huet dass Fridden dat wichtegst op der Welt ass. Nodeem de Chouer da geschlosse säi Respekt géigeniwwer den Affer an de Wonsch no Weltfridde mat dem Nidderleeë vu Blumme bei de Gedenkstee gewisen huet, hu mer eis nees all op de Wee gemaach fir eisen zweeten a leschten Owend bei der japanescher Famill ze genéissen.

3 Comments